D’Geschicht vun der Eecher Musek

 

About - 1920

 Am Joër 1920, e puer Méint virun der Agemengung vun der heiteger aler Gemeng Eech un d’Stad Lëtzebuerg hu verschidde Museksbegeeschterter de laangjärege Wonsch réaliséiert eng fräi an onofhängeg Museksgesellschaft zu Eech ze grënnen.

 

An der Grënnungsversammlung Samschdegs, den 19. Juni 1920 hu sech spontan 43 Musikante gemellt, déi bereet woren déi schéi Konscht vun der Musek zu Eech ze léieren, ze förderen an ze praktizéieren.

 

De leschte Gemengerot vun Eech huet der nei gegrënnter Museks-Gesellschaft en extraordinaire Subside vun 10 000.- Frang bewëllegt an konnt hinnen domat iwwer déi éischt Schwieregkeeten ewech hëllefen.

 

Et huet net allzelaang gedauert, a knapp zwee Méint no der Grënnung konnt d’Eecher Musek hieren éischte Concert ënnert der Direktioun vum éischten an sympateschen Dirigent Nic. Weyrich zu Eech présentéieren.

 

 

History - 1930

Duerno ass et ëmmer weider gaang an an de folgende Joeren huet d’Eecher Musek am In- ewéi och am Ausland Concerten gespillt an un verschiddene Concoursen deelgeholl.

 

Bei all de Concoursen, wou d’Eecher Musek deelgeholl huet, konnt ëmmer en éischte Präis mat Auszeechnung oder den Opstig an eng Divisioun méi héich gefeiert gin.

 

Dëst woren Erfolleger déi nëmmen duerch d’onermittlecht Schaffe vun den Dirigenten esou wéi de Musikantinnen an de Musikanten konnt erreecht gin.

 

Bis haut huet sech näischt um Gedanken vun de Grënnungsmemberen geännert, an d’Konscht vun der Musek gëtt och weiderhin an der aler Gemeng Eech geléiert, gefördert a praktizéiert.

D’Al Gemeng Eech besteet aus de Quartieren Beggen, Dummeldeng, Eech, Kierchbierg, Millebaach a Weimeschkierch.

 

 

 

About - 1950

Eis Concourse vun der Grënnung bis haut sinn dës:

 

20. Mee 1928 zu Lëtzebuerg

Dirigent: Nic. Weyrich

Classement an d’éischt Divisioun mat engem 1° Präis mat Auszeechnung

an de Spezialpräis vun der Stad Lëtzebuerg

 

14. Januar 1951 zu Lëtzebuerg

Dirigent: Léon Scheid

Classéiert an “d’Divisioun B”

 

24. Juni 1951 zu Lëtzebuerg

Dirigent: Léon Scheid

Classéiert an “Supérieur B” an en 1° Präis mat Auszeechnung

 

 

History - 1962

 

8. Juli 1951 zu Nevers

Dirigent: Léon Scheid

Classement an d’Divisioun “Supérieur B” an en 1° Präis

 

29. Juni 1952 zu Nanzeg

Dirigent: Léon Scheid

Classéiert an “Supérieur B” mat engem 1° Präis an enger Mentioun fir den Dirigent fir de Marschconcours deen mer gewannen konnten, wann een bedenkt, dass net manner ewéi 57 Museksgellschaften drun deelgeholl hunn

 

17. Juni 1956 zu Esch/Uelzecht

Dirigent: Fernand Tribou

Classéiert an “Supérieur B” an en 1° Präis mat Auszeechnung

 

 

 

History - 1971

18. Mee 1958 zu Dikrech

Dirigent: Jean Mohr

Classéiert an “Supérieur B”  an en 1° Präis mat “grande Distiction” esou wéi de “prix ascendant” an de classement an “Supérieur A”

 

29. Mee 1960 zu Wolz

Dirigent: Jean Mohr

Classéiert an “Supérieur A”

Bei dësem Concours krute mer en 1° Präis mat “grande Distinction” esou wéi de “prix ascendant” an mir konnten eis  an d’Divisioun “Ecxellence B” klasséieren.

Gläichzäiteg huet d’Eecher Musek och “d’Coupe Interfédérale” gewonnen. Dëst wor e Wanderpokal deen virdrun vun enger italienescher Musek konnt gewonnen ginn, an huet de selwechte Wäert ewéi d’Europacoupe am Fussball. Duerno ass dës wäertvoll Coupe net méi ausgespillt gin.

 

23. Mee 1968 zu Dikrech

Dirigent: Jean Mohr

Classéiert an “Excellence B” an en 1° Präis mat “grande Distinction”

 

 

About - 1976

 

31. Mee 1973 zu Lëtzebuerg

Dirigent: Jean Mohr

Classéiert an “Excellence B” an en 1° Präis mat Auszeechnung

 

31. Mee 1981 zu Schëffleng

Dirigent: Nico Reinert

Classéiert an “Excellence” an en 1° Präis

 

11. Mee 1986 zu Schëffleng

Dirigent: Jos Langers

Classéiert an “Excellence” an en 1° Präis

 

 

 

History - 1984
History - 1986

1984

1986

History - 1988
About - 2009

1992

2009

2021

20211124 Groupe Trap an Dina C

Am Juni vum Joer 2020 wor virgesinn de „CENTENAIRE“ vun der Eecher Musek ze feieren.

Duerch déi weltwäit bekannten a fir de Mënsch liewensgeféierlech Pandémie – Covid-19 oder och Corona – genannt, huet awer Mëtt Mäerz 2020 alles missten ofgesot ginn.

Eréischt e Joer méi spéit konnte mer erëm ufänken ze plangen an z’organiséieren.

Den 20. Juni 2021 wor et dunn esou wäit an den neie Fändel fir d’Eecher Musek konnt an enger religiéiser Zeremonie an der Weimeschkiercher Kierch geseent ginn. Giedel a Pätter vum neie Fändel woren d’Madamm Paule Audry-Olinger an d’Hären Raymond Echternach, Jean-Jacques Toussaint a Francis Neyer.

De 17. September huet d’Militär Musek zu Dummeldeng an der Sportshal „Pierre Pelkes“ e Concert gespillt an den 18. September wor et d’Big Band Memory op der selwechter Plaz.

De 15. Oktober huet d’Brass Band vum Escher Conservatoire e Concert zu Weimeschkierch am Centre sociétaire „Am Duerf“ gespillt, de 16. Oktober ass d’Moselle Valley Brass Band am selwechte Sall opgetrueden, an de 17. Oktober huet d’Eecher Musek den Ofschlossconcert zu Weimeschkierch gespillt.

Den 13. Mäerz 2022 ass dun d’Buch „100 Joer Eecher Musek“ offiziell virgestallt ginn. Deen Dag sinn d’Festivitéiten fir den 100te Gebuertsdag vun der Eecher Musek ofgeschloss ginn.